UCP News 10.08.2024 - 16.08.2024

8th August 2024

club logo

Union Cycliste Pétange

image

Samschden, den 10. August 2024
Rendez-vous um 13h30 am Schack (Schwätzt iech zur Sécherheet virdrun am Whatsapp Grupp of).

Sonnden, den 11. August 2024
Rendez-vous um 08h45 zu Dikrech fir d'Randonnée Jempy Schmitz ze fueren.
Départ commun UCP 9h00.

Donneschden, den 15. August 2024
En Donneschden ass d'Etapp Bastogne - Amnéville vum Tour de France femmes. Mir géifen eis um 9h00 am Schack treffen an vun do aus iwwer Arel, Uewerpallen, Kolpech, Holtz op Marteleng fueren fir dann vun do aus duerch Forrêt d'Anlier op Habay-la-neuve ze fueren. Ab do sin mir dann um Parcours vun der Etapp an géifen der Streck no fueren bis an d'Côte de Saint-Pancré (GPM cat. 4). Do warde mir dann op d'Course an fueren vun do aus zereck op Péiteng.

Dat ganzt ginn dann eng 120km.

https://www.komoot.com/de-de/tour/1762828061
 
Randonnée Bim Diederich 
Den 25. August fënnt déi 30. Editioun vun eiser Randonnée Bim Diederich statt.

Mir wire frouh wa puer Läit eis do nach kéinten eng Hand mat upaken deen Dag.

Wann dir Zäit hutt da mellt iech w.e.g. bei mir, all Hëllef ass Wëllkomm.

Villmools Merci schonn am viraus.

image

30e Randonnee Jempy Schmitz.pdf

image